Den 17. September ab 14h00 fënnt d’Freedom not Fear 2011 statt. Treffpunkt fir d’Demonstratioun ass 13h45 op der Gare Centrale zu Lëtzebuerg. Ab 15h00 informéiere mer um Piquet op Informatiounsstänn iwwer d’Gefore vun Iwwerwaachung.
Fir dës Manifestatioun zu engem Erfolleg ze man brauche mer Dech!
Komm op d’Demo, schreif Däi Slogan géint Iwwerwaachung op e Plakat, bastel eng Iwwerwaachungskamera, design Däin T-Shirt…
Komm op d’Freedom not Fear 2011 a weis mat Denger Fantasie wats Du vun Iwwerwaachung häls!